Hautkriibsvirsuerg a Behandlung
Är wichtegst Moossnam fir eng gesond Haut
D'regulär Hautkriibspreventioun ass eng vun den wichtegsten Moossnamen, fir Hautverännerungen fréi ze entdécken an ze behandelen.
An eiser Praxis benotze mir een digitalen héichopléisenden Videodermatoskop dee präzis Biller vun der Haut liwwert a mat Hëllef vu KI analyséiert. Dëst erméiglecht eng detailléiert Bewäertung, fir souguer klengst Ofwäichunge fréi ze erkennen an, wann noutwendeg, gezielt ze iwwerwaachen.
Hautkriibs erkennen a virbeugen
Schéinheetsflecker sinn meeschtens harmlos, mee kënnen an den a seltene Fäll d'Grondlag fir e béisartegen Melanom (schwaarzen Hautkriibs) bilden. Wäissen Hautkriibs, zu deem zum Beispill Basalzellkarzinome wéi och Plattenepithelkarzinome gehéieren, entsteet net op der Basis vu Schéinheetsflecker, mee oft als Resultat vu chroneschem UV-Schied un der Haut.
D'Frequenz vun der Hautkriibsvirsuerg gëtt individuell ugepasst. Präventiv Moossnamen wéi d'Benotzung vu Sonneschutzmëttele mat LSF 50, an d'Vermeidung vun direkter Sonnenexpositioun, sinn wichteg.
Dofir ass et wiichteg no der Gesondheet vun Ärer Haut ze kuken an datt een regelméisseg eng Hautënnersiichung mécht.
Hautkriibsanalyse
Wéi leeft eng Hautanalyse of?
D’Videodermatoskopie ass en digitale System, deen an der Dermatologie fir d'Fréierkennung vun Hautkriibs genotzt gëtt. Si erméiglecht eng detailléiert Analyse vun Hautläsionen duerch héichopléisend Fotoen, wat de Verglach an de Suivi iwwer Zäit vereinfacht an d'Präzisioun vum Diagnostik verbessert.
D'Wichtegkeet vun der Videodermatoskopie an der fréizäiteger Erkennung vun Hautkrankheeten
Duerch héichopléisend dermatoskopesch Opnamen, ass et méiglech, kleng a subtil Verännerungen un der Haut ze gesinn, déi mam bloussen A schwéier erkennbar wieren. Dës Biller gi gespäichert, sou datt e Verglach iwwer Zäit méiglech ass. Doduerch kann ee klären, ob eng Läsion sech verännert huet, wat wichteg fir eng genee Diagnos ass.
Kontaktéiert-eis
Mir wiere glécklech, Iech ze hëllefen! Fëllt w.e.g. de Formulaire hei drënner aus oder kontaktéiert eis direkt per E-Mail un info@dermawalfer.lu oder per Telefon um +352 26 33 12 30.
D’Equipe vun Derma Walfer wäert Iech an engem Delai vun 48 Stonnen äntweren. Vergiesst net, Ären Spam-Ordner ze kontrolléieren, falls Dir an dësem Delai keng Äntwert kritt.