Ästhetesch a kosmetesch Behandlungen
Loosst Är Haut stralen – mir stinn Iech zur Säit!
Schéinheet an Ausstrahlung sinn enk un d’Gesondheet vun der Haut gebonnen. Bei Derma Walfer konzentréiere mir eis op d'Verbesserung vun der Hautqualitéit, souwéi op d'Verjéngeren an d'Betounen vun der natierlecher Schéinheet.
Äis laangjäreg Expertise erméiglecht eis mat modernen Technologien, minimal-invasiv a personaliséiert Behandlungen unzebidden. Eist Zil ass et, subtil an dezent Resultater ze erreechen, déi är natierlech Schéinheet ënnersträichen.
Eis äesthetesch Traitmenter
Besonnesch bei de minimal-invasive Behandlunge bidde mir e breede Choix u Behandlungsmoossnamen – vun Ënnersprëtzunge mat Botulinumtoxin (Botox), Hyaluronsäir bis hin zu verschiddenen Aarte vu Biostimulateuren.
Ausserdeem bidde mir eng breet Pallette un dermatoskosmetesche Behandlungen un, déi no enger ausféierlecher computerbaséierter Hautanalyse, op déi individuell Hautbedierfnisser vum Patient ugepasst ginn.
Eis äesthetesch Behandlungen
-
Botox-Behandlung
Biostimulateurs
Soins du visage
-
Mésothérapie capillaire
Thérapie LED
PRP - Plasma riche en plaquettes
Microneedling médical
-
Sclérothérapie des varicosités des jambes
Protéine botulique contre la transpiration excessive
Kontaktéiert-eis
Mir wiere glécklech, Iech ze hëllefen! Fëllt w.e.g. de Formulaire hei drënner aus oder kontaktéiert eis direkt per E-Mail un info@dermawalfer.lu oder per Telefon um +352 26 33 12 30.
D’Equipe vun Derma Walfer wäert Iech an engem Delai vun 48 Stonnen äntweren. Vergiesst net, Ären Spam-Ordner ze kontrolléieren, falls Dir an dësem Delai keng Äntwert kritt.