Zeréck

PRP-Behandlung

Kierpereegent Plasma fir glat a gesond Haut

PRP-Behandlung (Platelet-Rich Plasma), ass eng fortschrëttlech Methode am Beräich vun der Anti-Aging-Medizin.

Dës Technik benotzt d’Regeneratiounskraaft vun Ärem eegene Blutt, fir d’Haut op natierlecher Basis ze verjéngeren an d’Kollagenproduktioun ze stimuléieren.

E weideren Uwendungsberäich vun der PRP-Behandlung ass d’Stimulatioun vum Hoerwuesstem, an deems plättchenräicht Plasma ënnert d’Kaphaut abruecht gëtt fir d’Hoer ze revitaliséieren an d’Struktur ze kräftegen.

Wéi leeft eng PRP-Sëtzung of?

D’Behandlung fänkt mat Opnam vun enger klenger Quantitéit Blutt aus enger Vene un. Dëst gëtt an enger Zentrifug veraarbecht, fir d’plättchenrraicht Plasma, dat raich u Wuesstumsfakteuren ass, ze isoléieren. Dëst Plasma gëtt gezielt an d’Haut injektéiert, wou et d’Zellregeneratioun stimuléiert, d’Bindegewebe stäerkt an d’Hautstruktur verbessert.

Fir optimal Resultater kann d’PRP-Behandlung zum Beispill mat Microneedling kombinéiert ginn.

Kontaktéiert-eis

Mir wiere glécklech, Iech ze hëllefen! Fëllt w.e.g. de Formulaire hei drënner aus oder kontaktéiert eis direkt per E-Mail un info@dermawalfer.lu oder per Telefon um +352 26 33 12 30.

D’Equipe vun Derma Walfer wäert Iech an engem Delai vun 48 Stonnen äntweren. Vergiesst net, Ären Spam-Ordner ze kontrolléieren, falls Dir an dësem Delai keng Äntwert kritt.