Zeréck

Medizinesche Peeling

Är effektiv Method fir Hautverbesserung

Medizinesch Peelings bidden eng bewäert Behandlungsmethod fir d’Hauttextur ze verbesseren an d’natierlech Regeneratioun unzereegen. Dës Behandlung ass variabel a kann souwuel fir kosmetesch wéi och fir medezinesch Zwecker agesat ginn. Eis Praxis deckt déi ganz Palette vu Peelings of, ugepasst un d’Hautbedierfnesser vun eise Patienten.

Mat engem Peeling kënnen déi ofgestuerwe Hautzellen oder erkrankten Zellen vun der ieweschter Hautschicht geléist ginn. Dëst féiert zu enger méi frëscher, glater an gesonder Hauttextur. Egal ob mechanesch oder chemesch Peelings – d’Method gëtt individuell ugepasst, fir d’Hautkrankheeten ze behandelen, Onreenheeten ze reduzéieren an d’natierlech Hautstruktur ze stäerken.

Wéi funktionéieren medezinesch Peelings?

Dës Peelings bewierken eng sanft Erneierung vun der Haut, andeems se déi iewegt Schicht exfoliéieren an d’Produktioun vun neien Hautzellen stimuléieren. Dëst verbessert d’Hautduerchbluddung an d’Sauerstoffversuergung, wat fir en aktiven Stoffwiessel an eng besser Regeneratioun suergt.

Medizinesch Pellings kënnen fir vill Hautproblemer benotzt ginn, dorënner Akne, Pigmentstéierungen, Falen oder och Sonnenschied. Mir benotze verschidden Zorten vu Peelings, vun engem douce Fruuchtsaier-Peeling bis zu méi intensiven Methoden wéi TCA. Déi richteg Method gëtt no enger grëndlecher medezinescher Analyse gewielt, fir déi beschtméiglech Resultater ze garantéieren.

Kontaktéiert-eis

Mir wiere glécklech, Iech ze hëllefen! Fëllt w.e.g. de Formulaire hei drënner aus oder kontaktéiert eis direkt per E-Mail un info@dermawalfer.lu oder per Telefon um +352 26 33 12 30.

D’Equipe vun Derma Walfer wäert Iech an engem Delai vun 48 Stonnen äntweren. Vergiesst net, Ären Spam-Ordner ze kontrolléieren, falls Dir an dësem Delai keng Äntwert kritt.